Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (2024)

Mat véier Amerikaner, déi am Grand-Duché respektiv an Europa liewen, hu mer iwwer Thanksgiving a wéi si et hei feieren, geschwat.

Fir méi iwwer Thanksgiving an och d'Feieren zu Lëtzebuerg erauszefannen, hu mer véier Amerikaner gefrot, déi an den USA opgewuess sinn an haut zu Lëtzebuerg liewen a schaffen. Dofir hu mer d'Stephanie Shaheen, fréier Mataarbecht vun der US-Ambassade war an haut Associate Directer vun der Miami University zu Déifferdeng ass, de Kevin Moore, Mataarbechter vun SES, d'Whitney Fortmueller, Besëtzerin vum Rise Barre Studio, an d'Vanessa Phelan, ënner anerem bekannt duerch Noriichten op RTL Today Radio, am Interview gehat, fir erauszefannen, wat fir si wichteg u Thanksgiving ass a wat d'Ënnerscheeder tëscht Europa an den USA sinn.

Beim Iesse ware si sech ongeféier alleguer eens: Et war fréier méi komplizéiert, fir d'Saachen hei ze fannen, haut fënnt een de Gros awer a verschiddene Supermarchéen am Land. Wann et awer méi speziell soll sinn, wéi de püréierte Kalbass aus der Bécks fir de Pumpkin Pie oder awer déi spezifesch Cranberry Zooss, muss een déi aus den USA importéieren oder a ganz spezialiséierte Butteker am Land kafen. Iwwregens ass et genau dëse Kuch, dee si alleguerten als e "Muss" fir dëse Feierdag uginn hunn. Dat ass engem brittesche Kolleeg vum Stephanie Shaheen no och den eenzegen Ënnerscheed, tëscht dem amerikaneschen Thanksgiving-Dinner an dem brittesche Chrëschtdagsiessen.

An déi véier Expats si sech a ville Saachen eens an a verschiddenen Detailer, wat alles genee zum Iesse gehéiert oder ob een dobäi onbedéngt muss American Football kucken, do hu sech d'Geeschter dann awer getrennt. Och op d'Fro, ob een Thanksgiving mat eisem Raclette-Iesse kéint vergläichen, ware si sech net honnertprozenteg eens. Jo, bei Raclette sëtzt ee laang zesumme beim Iessen, ma hei dauert den Acte vum Iessen awer däitlech méi laang an et huet een "Aarbecht" wärenddeem. Bei Thanksgiving-Dinner dogéint huet deen, dee kacht, vill Aarbecht virdrun, wärend dem Iessen ass dat awer eriwwer. An, fir Raclette gëtt et kee speziellen Dag. Den Dinner um amerikaneschen Erntedankfest gëtt u sech traditionell de véierten Donneschdeg am November gefeiert. Méi Detailer, wat Thanksgiving iwwerhaapt ass, a wou déi Traditioun hierkënnt, fannt Dir an eisem Artikel dozou.

Bei der wichtegster Saach si se awer op enger Well: Thanksgiving ass e Familljefest, wou et drëm geet, beieneen ze sinn. A wann een d'Zäit net kritt, fir an d'USA bei d'Famill ze fléien, kann ee sech haut och digital zouschalten oder et féiert ee mat Frënn.

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (1)

© Stephanie Shaheen

Stephanie Shaheen: Et ass d'Chance, d'Famill zesummen un een Dësch ze kréien

Wat ass esou speziell u Thanksgiving, datt s du dëse Feierdag esou gären hues... Oder och net?Thanksgiving ass mäi léifste Feierdag. Et geet net ëm Relioun oder Kaddoen, mä just ëm d'Zesummesi mat Frënn a Famill a mat hinnen zesummen, d'Iessen ze deelen. Ee vu menge léifste Momenter ass awer ëmmer, an dat maache mer an der Famill all Joer, datt jiddereen um Dësch seet, wisou hien dëst Joer dankbar ass. A bis ewell huet just eng Persoun, déi invitéiert war, dat refuséiert.

Denger Meenung no, wisou hunn d'Amerikaner dëse Feierdag esou gären?

Fir mech ass et d'Chance, datt déi komplett Famill ka beienee sinn an Iessen ze genéissen, wat mer aus eiser Kandheet kennen. Vill Amerikaner notzen Thanksgiving awer och, fir eng Excuse ze hunn, fir déi grouss Macy's Parade respektiv d'Hondsshow oder wäert dem Iessen American Football ze kucken. Vill hëllefen awer deen Dag och an Zoppekichen aus, wou si Iessen u aarm Leit verdeelen oder organiséieren eppes, fir Sue fir déi aarm Leit ze sammelen. Et ass en Dag, fir zesummenzekommen. Leider ass et awer am modernen Amerika esou, datt vill Leit musse schaffen, fir de Black Friday den Dag dono ze preparéieren.

Wat ass et fir dech, fir Thanksgiving zu Lëtzebuerg respektiv an Europa ze feieren?

Et ass schwéier, dëst Familljefest zesumme mat der Famill ze feieren. Vill Leit awer feieren antëscht e Friendsgiving a verbréngen Zäit mat de Frënn, déi fir si wéi eng Famill gi sinn. Mat elo, wou Facetime a Zoom ëmmer méi opkënnt, kann een awer och zesumme mat der Famill an den USA iessen, wou et da fir déi eng d'Mëttegiessen a fir déi aner d'Owesiessen ass. Och fir d'Amerikaner selwer ass dat elo praktesch, well een och vun anere Plaze aus dem Land aus sech mat der Famill verbanne kann.

Mäi Mann kacht ganz gären a war glécklech, déi traditionell Rezepter ze léieren. An där Zäit, wou ech nach op der US-Ambassade geschafft hunn, hat ech Thanksgiving ëmmer fräi an dunn huet och hie sech fräi geholl, fir datt mer den Dag zesumme feieren an dat traditionellt Iessen virzebereeden.

Vill Lëtzebuerger kennen Thanksgiving aus US-Filmer oder Serien. Ass déi richteg Feier anescht?

Ech kennen déi Episode vu Friends an effektiv ass et fir vill jonk Amerikaner esou, datt si Thanksgiving ënner Frënn feieren, wa si deen Dag net kënnen an d'Heemecht fueren. Vill Leit an den USA hunn ebe just donneschdes fräi a wa si da wäit vun doheem ewech wunnen, oder freides net och nach fräihuele kënnen, ass et bal net méiglech, fir bei d'Famill ze fueren.

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (2)

Thanksgiving doheem / © Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (3)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (4)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (6)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (7)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (8)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (9)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (10)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (11)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (12)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (13)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (14)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (15)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (16)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (17)

Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.


Kevin Moore: Thanksgiving ass net esou stresseg wéi Chrëschtdag

Wat ass esou speziell u Thanksgiving, datt s du dëse Feierdag esou gären hues... Oder och net?Ech sinn e grousse Frënd vu Thanskgiving, well et gëtt net esou de Stress, wéi ëm Chrëschtdag, wou een nach fir jidderee Kaddoe muss besuergen.

Denger Meenung no, wisou hunn d'Amerikaner dëse Feierdag esou gären?

Et ass en Dag, wou een e gutt Iesse mat der Famill huet a "Merci" dofir seet, fir wat een huet. Et kombinéiert Iessen an American Football, wuel dowéinst hu vill Amerikaner et esou gär.

Wat ass et fir dech, fir Thanksgiving zu Lëtzebuerg respektiv an Europa ze feieren?

Op mengem éischte Thanksgiving zu Lëtzebuerg am Joer 2012 hunn ech spéit geschafft a war dono mat den Aarbechtskolleegen een drénken. Mir hate gehofft, och eppes z'iessen ze kréien, ma d'Kiche war schonn zou, also gouf et just Nëss an Oliven. Et war e richtege Reinfall. Dowéinst hunn ech decidéiert, dat Joer drop e "Friendsgiving" ze organiséiere mat enger Grupp u Frënn hei aus Lëtzebuerg. Dat éischt Joer war och eng Italienerin dobäi, déi elo meng Fra ass. Vläicht krut ech et jo duerch mäi Thanksgiving-Dinner vu mir iwwerzeegt?

Deemools war et nach schwéier, fir e grousst Schnuddelhong fir d'Iessen ze fannen. Dat krut ech du vun engem Kolleeg, dee mer et vun enger US-Militärbase an Däitschland organiséiert huet. "Friendsgiving" gëtt et iwwregens och an den USA, wou een dann dat traditionellt Iessen huet, et awer op engem aneren Dag organiséiert gëtt. Et war iwwregens och op esou engem Iessen, wéi ech menge Frënn zu St. Louis erzielt hunn, datt ech op Lëtzebuerg wäert plënneren.

Thanksgiving huet sech fir mech awer och geännert, well meng Fra an ech kee Fleesch méi iessen. Et fillt sech e bësse komesch un, kee Schnuddelhong um Thanksgiving-Dinner ze hunn, ma et gëtt jo awer nach genuch anert Iessen donieft. Vill Vegetarier gräifen op "Tofurkey" zeréck, also den Tofo-Schnuddelhong, mä dat wollt ech nach net probéieren.

Wéi hues de däi lescht Thanksgiving verbruecht?

D'lescht Joer war ech nees zu St. Louis. Do ware mer op eng kleng Traditioun vu Thanksgiving, de sougenannten "Turkey Trot" also e kuerze Laf vu 5 oder 10 Kilometer, dee vill Leit moies virum Iessen untrieden. Ech mengen, vill vun hinne lafe mat, fir eng Excuse ze hunn, fir mëttes nach méi z'iessen. Ma wou mer do waren, hunn ech vill Frënn a Famill begéint, déi effektiv dëse Laf op sech geholl hunn.

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (18)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (19)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (20)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (21)

Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.

Whitney Fortmueller: Als Expat zu Lëtzebuerg verpassen ech all Joer e speziellt Familljenevenement

Wat ass esou speziell u Thanksgiving, datt s du dëse Feierdag esou gären hues... Oder och net?Wärend ech an den USA gelieft hunn, war Thanksgiving ëmmer eng gutt Excuse, déi ganz Famill (Grousselteren, Monnien, Tattaen, Cousinen) un een Dësch ze kréien. Wat ech awer guer net gären hunn, ass datt wärend Thanksgiving ëmmer en NFL-Match op der Tëlee leeft. Ech sinn dat Eenzegt a menger Famill, dat American Football net gären huet. Wärend där Zäit vum Dag hunn ech mech ëmmer e bësse gelangweilt.

Denger Meenung no, wisou hunn d'Amerikaner dëse Feierdag esou gären?

Vill vun deene Saachen, déi mer deen Dag iessen, gi extra just fir Thanksgiving zoubereet. Dofir ass et fir mech ëmmer e bëssen nostalgesch, wann ech Schnuddelhong mat enger bronger an enger Cranberry Zooss oder Pumpkin Pie kréien. An op d'mannst a menger Famill war et ëmmer e Familljefest. Well Thanksgiving ëmmer op en Donneschdeg fält, hu mer probéiert, zwee ganzer Deeg fräi ze kréien, wat an den USA schonn e rare Luxus ass.

Wat ass et fir dech, fir Thanksgiving zu Lëtzebuerg respektiv an Europa ze feieren?

Wann ech Thanksgiving zu Lëtzebuerg feieren, da maachen ech net e komplette Menü, mä awer ëmmer ee Pumpkin Pie doheem, wou ech mer de spezielle Purree entweder aus den USA matbréngen oder en an engem spezialiséierte Geschäft hei am Land kafen. Ech muss awer soen, et mécht mech ëmmer e bëssen traureg ëm déi Saison als Expat zu Lëtzebuerg, well ech weess, datt ech eng ganz speziell Familljefeier verpassen.

Vill Lëtzebuerger kennen Thanksgiving aus US-Filmer oder Serien. Ass déi richteg Feier anescht?

Ech kennen u sech do just d'Episode vu Friends. Wat d'Feiere betrëfft, esou sinn déi schonn akkurat, et hänkt halt ëmmer vun der Famill of. Jo, mir bereeden d'Iessen de ganzen Dag vir. Jo, mir iessen Tonnen u Liewensmëttel. Wärend an de Serien oder Filmer awer dacks e Sträit ausbrécht, esou war dat a menger Famill awer ni de Fall, ech mengen, mir sinn do méi "chill".

Eng Episod vu Friends huet mech a meng Kolleege aus Kalifornien inspiréiert, e "Friendsgiving" ze organiséieren, dat ëmmer en Dag virum reelle Thanksgiving. Do huet jiddereen e bëssen Iesse matbruecht a mir hu Gesellschaftsspiller gespillt. Ganz änlech wéi an den Episode vu Friends.

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (22)

Vanessa Phelan: Thanksgiving bréngt eis all zesummen... Wien ësst da schonn net gären?

Wat ass esou speziell u Thanksgiving, datt s du dëse Feierdag esou gären hues... Oder och net?Ech sinn e grousse Fan vu Thanksgiving. Et geet just drëm, fir mat der Famill an oder de Frënn beieneen ze sinn an enorm vill gutt Iessen ze hunn. Et ass een einfach frou, mat deen en aneren zesummen ze sinn. Et ass och eng gutt Chance, sech drun z'erënneren, woufir ee "Merci" ka soen.

Denger Meenung no, wisou hunn d'Amerikaner dëse Feierdag esou gären?

An den USA liewe vill Leit mat verschiddenem Background, mat anere Reliounen an aneren Traditiounen. Thanksgiving ass en Dag, deen eis all zesummebréngt, well, wien ësst schonn net gären? Weider gëtt et op dësem Feierdag kee Stress mat Kaddoen, an esou weider. Eenzege Stresspunkt ass: Iessen.

Wat ass et fir dech, fir Thanksgiving zu Lëtzebuerg respektiv an Europa ze feieren?

Aus Ausland ze feieren, mécht mir Spaass, well et et esou ka feieren, wéi ech et wëll. Et ginn do keng Reegelen, wat de Menü betrëfft, et ass wierklech just en Dag fir z'iessen, ze drénken a Spaass ze hunn. Ech maachen ëmmer den traditionelle "Pumpkin Pie", well ech dee wierklech gären hunn. Mä ofgesinn dovun, halen ech mech net un den traditionelle Menü oder stresse mech, fir e "genau richteg" hinzekréien. Mäi Mann, deen net aus den USA ass, ass zum Gléck och e grousse Fan an antëscht kacht hien och de gréissten Deel vum Iessen.

Vill Lëtzebuerger kennen Thanksgiving aus US-Filmer oder Serien. Ass déi richteg Feier anescht?

Schonn e bëssen anescht. An der Serie Friends feieren d'Haaptpersonnagen Thanksgiving ëmmer zesummen, obwuel hir Familljen net wäit ewech liewen. A Wierklechkeet probéieren d'Leit dësen Dag mat der Famill ze verbréngen, ausser déi wunnt ze wäit ewech.

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (23)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (24)

D'Thanksgiving Dinner op der Miami University zu Déifferdeng. / © Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (25)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (26)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (27)

© Stephanie Shaheen

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (28)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (29)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (30)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (31)

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (32)

Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Carlyn Walter

Last Updated:

Views: 5914

Rating: 5 / 5 (70 voted)

Reviews: 93% of readers found this page helpful

Author information

Name: Carlyn Walter

Birthday: 1996-01-03

Address: Suite 452 40815 Denyse Extensions, Sengermouth, OR 42374

Phone: +8501809515404

Job: Manufacturing Technician

Hobby: Table tennis, Archery, Vacation, Metal detecting, Yo-yoing, Crocheting, Creative writing

Introduction: My name is Carlyn Walter, I am a lively, glamorous, healthy, clean, powerful, calm, combative person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.